© CGDIS
De CGDIS mellt eng Gasfuite op der Aire de Bierchem um fréien Donneschden Owend. Sécherheetsmoossname sinn hei ageleet ginn.
D’Fuite gouf bei enger Propan-Zetär vu 55’000 Liter festgestallt. Hei misst dowéinst séier eng héich Sécherheetsstuf ausgeruff an applizéiert ginn. D’Plaz vun der Fuite konnt net kloer festgestallt ginn, dowéinst hätt een decidéiert d’Zetär komplett eidel ze maachen, sou de CGDIS. Dës Initiativ ass och lo am Moment nach ëmmer amgaang.
Am Asaz waren hei d'Pompjeeë vu Réiser, Beetebuerg, Hesper, Keel, Esch, Dippech an aus der Stad. D'Ambulanz vu Beetebuerg war och op der Plaz.
© CGDIS