© pexels.com
An enger parlamentarescher Fro wollt den Deputéierte Sven Clement Detailer iwwer d'Unzuel vun den Interimskontrakter zu Lëtzebuerg gewuer ginn.
Tëscht dem 1. Januar 2020 an dem 31. Mäerz 2021 goufen am Ganze 406.758 Interimskontrakter zu Lëtzebuerg ofgeschloss. Dat äntweren den Aarbechtsminister Dan Kersch an den Aarbechtsminister Franz Fayot op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei.
Aus der Äntwert vun de Ministere geet dann och ervir, dass den Undeel vun den Interimskontrakter mat enger Lafzäit vu 7 Deeg oder manner zënter Mäerz 2018 geklommen ass. Wärend tëscht Mäerz 2018 a Februar 2019 nach 80,9 % vun den Interimskontrakter eng Lafzäit vu 7 oder manner Deeg haten, waren et der tëscht Mäerz 2020 a Februar 2021 84,8 %.
Iwwerdeems kruten zënter Januar 2018 8.400 Leit en CDI déi de Mount virdrun an engem Interimskontrakt beschäftegt waren.