Et ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.

Vu 4.295 Tester waren der 91 positiv. Dat ass de Bilan vun den Neiinfektioune mam Coronavirus, deen d'Santé e Freideg matgedeelt huet.

Iwwerdeems ass keng weider Persoun am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen. D'Zuel vun den Doudesaffer bleift domadder bei 834.

Am Moment leie 25 Persoune wéinst dem Covid-19 am Spidol, dovunner 9 op der Intensivstatioun.

Bis ewell sinn 399.522 Persounen zu Lëtzebuerg vollstänneg géint de Coronavirus geimpft.