© Eldoradio
Wéi et vum CHEM heescht wier et am Laf vun de leschte Joren ëmmer nees zu Onstëmmegkeete mam Architektebüro komm.
De Bau vum neie Südspidol wäert méi laang daueren ewéi ursprénglech geplangt.Wéi de Centre Hospitalier Emile Mayrisch an engem Communiqué matdeelt, hätt een de Kontrakt mat der Firma “Health Team Europe”, déi sech ëm d’Planung vun deem neie Spidol gekëmmert huet, en Donneschdeg gekënnegt.
Am Laf vun de leschte Jore wier et ëmmer nees zu Problemer bei der Planung vum Spidol an zu Onstëmmegkeeten tëscht dem CHEM an HTE komm. De CHEM reprochéiert der Firma ënner anerem falsch Donnéeën iwwer d’Konstruktiouns-Käschte vum Spidol kommunizéiert ze hunn.
Den Ament géif ee vu Säite vum CHEM no enger neier Firma sichen, déi d’Planung vum Spidol iwwerhuele kéint. De Conseil d’Administratioun geet dovunner aus, dass dat neit Spidol fréistens 2030 gebaut ass.