Trotz gratis ëffentlechem Transport fueren ëmmer nach vill Leit 1. Klass am Zuch. Dat huet den Transportminister op eng parlamentaresch Fro geäntwert.

Den Transportminister François Bausch huet op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Marc Goergen, a Bezuch op den ëffentlechen Transport, dee jo zanter leschtem Joer gratis ass, geäntwert. Méi genau war d’Fro hei op et net sënnvoll wier, d’Zwee-Klassen Trennung am Zuch ofzeschafen. Ma et géifen ëmmer nach vill Leit an der éischter Klass mam Zuch fueren, sou den Transportminister. Ronn 300.000 vun am ganze 14,5 Millioune Passagéier sinn zanter Mäerz 2020 nach 1. Klass gefuer.