© Eldoradio
An der Stad gouf um Samschdegmoien ee Passant vun zwee Männer ugegraff a beklaut.
Géint 5:00 Auer um Samschdegmoie gouf ee Passant an der Stad Lëtzebuerg vun zwee Männer op de Buedem geheit. Wärend deem hunn déi zwee Täter dem Affer seng Täschen eidel gemaach. Doropshi sinn déi zwee Männer mam Portmonni, dem Handy an der Auer vum Affer Richtung Gronn geflücht. Eng Enquête gouf an d'Weeër geluecht.