© Eldoradio
De CGDIS mellt zwee Accidenter um Samschdegmëtten. Hei gouf jeeweils eng Persoun blesséiert.
Wéi de CGDIS matdeelt koum et um Samschdegmëtten zu zwee Accidenter. Eng Kéier tëschent Mamer a Capellen bei der Sortie vun der Autobunn kuerz virun 13:15 Auer. Hei sinn zwee Autoen anenee geknuppt an eng Persoun gouf blesséiert. Déi aner Kéier kruten sech zwee Autoen ze packen, dat zu Péiteng kuerz no hallwer 4 an dobäi gouf och eng Persoun blesséiert.