© Unplash
Déi brittesch Regierung wëll Déifställ vun Hausdéieren zu enger neier Strof maachen. Juristesch gesinn, ginn Déiere selwecht wéi Objete behandelt.
Well Hausdéiere bei der Justiz selwecht behandelt gi wéi Objeten, kënnt et bei Déifställ vun Déieren zu Eegentumsverstéiss. Fir dat ze änneren, sollen d'Hausdéieren an Zukunft als fillend Wiesen unerkannt ginn. Doduercher verschäerft sech d'Strof, wann een en Hausdéier klaut.
Grad am Lockdown sinn an England ëmmer méi Hausdéiere geklaut ginn, sou Déiereschutzorganisatioun Dogs Trust. Well sech de Präis vu verschidde beléiften Hondsrasse quasi verduebelt huet, ass et fir Déiwen interessant ginn, déi Rassen ze klauen a weider ze verkafen.
Déi brittesch Regierung erhofft sech, esou Déifställ mat méi haarde Strofen ze stoppen.