© THOMAS COEX / AFP
Um 8. Weekend hannertenee gi vill Leit a Frankräich op d'Strooss fir hir Stëmm géint de Gesondheetspass a weider Corona-Reegelen ofzeginn.
Demonstratioune géint d'Corona-Reegele vun der franséischer Regierung hält un. Um 8. Weekend hannerteneen ass et landeswäit zu Demonstratioune komm. Den Zoulaf gëtt awer méi schwaach.
Wéi den Inneministère matgedeelt huet, sinn um Samschdeg méi wéi 140.000 Mënschen op d'Stroosse gaangen, dovu méi wéi 18.000 zu Paräis.
D'Hannergrënn bleiwen onverännert. Demonstréiert gëtt géint de Gesondheetspass, eng Impfflicht am Gesondheetssecteur a verschidde Coronamesuren.
Am Land mat 67 Milliounen Awunner sinn awer bis ewell 2 Drëttel vun der Populatioun komplett géint de Coronavirus geimpft. Donieft geet d'Zuel vun den Hospitalisatiounen erof. Enger Ëmfro vun enger franséischer Zeitung wiere 67% vun de Fransouse fir eng Aféierung vum Gesondheetspass.