© Police
D'Police mellt um Samschden Owend, eemol e versichten Déifstall duerch Abroch an der Stad an e gewalttätegen Iwwerfall.
Géint 1 Auer moies waren an der Stad um Boulevard Robert Baden-Powell der Police verdächteg Persoune fir e méiglechen Abroch gemellt ginn. Et hätt een ugeholl, dass eng Fënster ageschloe gi wär fir an d'Haus eranzekommen.
Wéi d'Police dunn hei op der Plaz agetraff ass, hunn si eng ageschloe Fënster am Rez-de-chaussée festgestallt. Eng Persoun, déi am Agang vum Haus stoung, ass doropshi fortgelaf, ma konnt kuerz duerno vun der Police gestoppt ginn. Eng zweet verdächteg Persoun konnt méi spéit op der Gare opfonnt ginn. Beim Iwwerpréiwungsprozess vun de Persounen ass dunn opgefall, dass ee vun de Täter sech illegal am Land ophält. Déi zwee Männer si festgeholl ginn an um Sonndeg Moie virun den Untersuchungsriichter komm.
A géint Hallefnuecht hat e Mann Hëllef bei enger Policepatrull gesicht, well dëse wuel mat Gewalt iwwerfall gi war. D'Affer sot aus, dass den Täter hie geschloen hätt.
Direkt ass eng Sich nom Täter ageleet ginn an dëse konnt dunn och kuerz drop vun enger Patrull festgeholl ginn. Hien konnt sech net ausweisen an ass mat op de Policebüro geholl ginn. Hei ass dunn opgefall, dass de presuméierten Täter géint d'Immigratiounsgesetzgeebung verstouss huet. De Mann ass festgeholl ginn an um Samschde Moie virun den Untersuchungsriichter komm.