Fir géint déi hollännesch Corona-Politik ze demonstréiere sinn um Samschden zu Amsterdam ronn 10.000 Leit op d'Stroosse gaangen.

Eng 10.000 Leit hunn um Samschdeg an der hollännescher Haaptstad géint d'Corona-Politik demonstréiert. Et wier awer net zu Gewalt oder änlechen Ausernanersetzunge komm. D'Leit hätte friddlech gedanzt a getrommelt.
D'Organisateuren haten am Ufank mat ronn 50.000 Demonstrante gerechent.