© POOL/AFP/THILO SCHMUELGEN
Déi däitsch Bundeskanzlerin an de Ministerpresident waren um Sonnden op der Plaz fir sech e Bild vun der Situatioun ze maachen.
D'Angela Merkel an den Armin Laschet hunn no den Andréck an den Iwwerschwemmungsgebidder a Rheinland-Pfalz betount, dass hei scho vill geleescht gi wier, ma ëmmer nach grouss Erausfuerderunge bevir stinn.
D'Merkel war scho virun annerhallwe Mount op der Plaz fir de Leit Courage ze maachen.
Um Mëtteg sinn d'Merkel an de Laschet dunn nach mat enger Unitéit vu Pompjeeën zesummekomm, déi am Juli am Asaz waren an zwee Pompjeeën aus hire Reie bei den Iwwerschwemmunge verluer hunn.
D'Merkel huet zum Schluss nach eemol betount, dass et lo hei wichteg fir, dass déi finanziell Hëllef weider onbürokratesch a séier op de Plazen ukomme wou se am meeschte gebraucht ginn.