Am Garer Quartier koum et e Samschdeg den Owend zu engem Tëschefall bei deem eng Persoun vum Hond vum Sécherheetspersonal gebass gouf.

E Samschdeg den Owend géint 22h20 ass der Police virun engem Lokal an der Avenue de la Gare an der Stad en Tëschefall tëscht enger Persoun an dem Sécherheetspersonal vum Garer Quartier gemellt ginn. Zeien hätte matgedeelt dass et zu Provokatioune komm wier. Virum Lokal ass de Beamten eng Persoun opgefall déi angeblech vum Hond vun de Sécherheetsbeamten an d'Been gebass gouf.

Déi blesséiert Persoun gouf an d’Spidol bruecht a behandelt. Am Spidol huet d’Persoun d’Gesondheetspersonal beleidegt an op si gespaut. Si huet och d’Sécherheetsbeamte menacéiert. Well se eng Gefor fir sech selwer a fir aner Leit duergestallt huet, koum se an de Passagearrest. De Parquet gouf informéiert, Ermëttlunge goufen an d’Weeër geleet an e Protokoll gouf ausgestallt.