En Ex-Zaldot huet e Sonndeg a Florida an den USA véier Persounen ëmbruecht.

Den Täter huet an der Nuecht an engem Haus zu Lakeland eng Fra an hire Bëbee vun 3 Méint erschoss, esou de Sheriff op enger Pressekonferenz. Donieft goufen e 40-järege Mann an d’Bom vum Bëbee ëmbruecht. E Meedche vun 11 Joer gouf schro blesséiert. Nodeems et zu enger Schéisserei tëscht dem Täter an der Police komm ass huet hien sech erginn. E Motiv ass net bekannt, den Ex-Zaldot hat awer zouginn dass hie Metamphetamin geholl hat.