© APA/AFP/Archiv/Johann GRODER
An Éisträich soll den Après-Ski just fir geimpfte Persounen erlaabt ginn.
Dat huet den éisträichesche Gesondheetsminister Wolfgang Mückstein an engem Interview gesot. D’Zil wier et déi net-geimpfte Leit ze schütze well am Nuetsliewen d’Infektioune vill méi probabel sinn. An deem Kader diskutéiert d’Regierung e Mëttwoch iwwer méiglech nei Mesurë géint de Covid-19. D’Infektiounszuele sinn nämlech an d’Luucht gaangen an et ginn net méi esou vill Leit geimpft.