© Pixabay
A Frankräich goufen dëst Joer scho 77 Feminiziden registréiert.
Dat huet eng Organisatioun, déi dës Zuele reegelméisseg verëffentlecht, matgedeelt. 58 vun deene Frae wieren an hirer Wunneng ëmbruecht ginn. 23 Kanner waren an deem Kader Zeie, wéi hir Mammen ermort goufen, esou de "Collectif de Recensement des féminicides".