© Eldoradio
D'leschte Freideg hat e Vëlosfuerer zu Beetebuerg en Automobilist agresséiert a geschloen. An dësem Zesummenhang sicht d'Police elo no Zeien.
Géint 10h40 e Freideg den 03. September haten sech an der Munnerefer Strooss zu Beetebuerg en Vëlosfuerer an en Automobilist an d'Hoer kritt. Wéi et vun der Police heescht, hätt de Vëlosfuerer sech hei net un d'Reegele vum Code de la Route gehalen an den Automobilist hätt hien op dëst Feelverhalen opmierksam gemaach. Doropshi wiere béid Persounen an der Strooss stoe bliwwen. Nodeems den Automobilist aus sengem Auto geklomme war, hat de Vëlosfuerer hien als éischt gestouss an duerno an d'Gesiicht geschloen hunn.
No dësem Tëschefall wier de Cyclist dann an Direktioun Helleng weidergefuer. De Mann, dee Lëtzebuergesch geschwat huet, soll ongeféier 1 Meter 85 grouss gewiescht sinn an eng kräfteg Statur gehat hunn. Ausserdeem hat hien e kuerze Baart. Hien hat wäisst Vëlos-Gezei mat engem rouden Zeechen drop un.
Alleguerten d'Informatiounen iwwert den Tëschefall si fir de Policekommissariat Réiserbann. D'Telefonsnummer ass den 244 61 1000. D'Mailadress ass "police.reiserbahn@police.etat.lu".