© Eldoradio
Den Tëschefall bei deem am Garer Quartier e Mann vum Hond vun enger privater Sécherheetsfirma gebass gouf, suergt den Ament fir politesch Diskussiounen.
Nodeems e Samschdeg den Owend e Mann am Garer Quartier vun engem Hond vu private Sécherheetsbeamten an d'Been gebass gouf, ass et bannent de leschten Deeg zu enger Partie Reaktiounen aus der Politik komm. E Méindeg hunn déi Stater Lénk den Tëschefall an engem Communiqué thematiséiert. An Dësem fuerderen si, dass de Kontrakt mat der privater Sécherheetsfirma, déi den Ament am Garer Quartier an der Stad, patrulléiert opgeléist soll ginn. Ausserdeem fuerderen si, dass de Stater Schäfferot déi politesch Responsabilitéit fir den Tëschefall iwwerhuelen an déi politesch Konsequenzen aus Dësem zéie soll.
Den Deputéierte vun der Piratepartei, Marc Goergen, hat schonn e Sonndeg op de Virfall reagéiert. Op Twitter schreift hien, dass d'Sécherheetsfirma ëm déi et geet illegal an der Stad patrulléiere géif. Weiderhin hätt hien ugefrot, dass den Tëschefall an enger Kommissioun an der Chamber sollt behandelt ginn. D'Piraten hätte virun esou Tëschefäll gewarnt.
Méi nuancéiert Téin koume vum Stater Gemengeconseiller François Benoy. Wéi hien op sengem Twitter-Kont schreift, wier et bekannt, dass déi Gréng géint eng Iwwerwaachung vum ëffentleche Raum duerch privat Sécherheetsfirme wieren. D'Biller vum Samschdeg géife schockéieren a Froen opwerfen. Allerdéngs misst een dem François Benoy als éischt d'Resultat vun der Enquête ofwaarden éier ee soe kéint op alleguer d'Gesetzer respektéiert goufen. Déi Stater gréng wéilten awer op alle Fall dréngend Froen iwwert dësen Tëschefall un de Stater Schäfferot an un d'Regierung stellen.
Déi Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet iwwerdeems am Kader vun enger Pressekonferenz op d'Virwërf vun der Stater Oppositioun reagéiert. Der Buergermeeschtesch no, wier der de Responsabele vun der vun der Stater Gemeng wier näischt aneschtes iwwereg bliwwen ewéi eng privat Sécherheetsfirma ze engagéieren. D’Awunner vum Garer Quartier géifen sech schonn zënter Joren iwwer d’Sécherheetslag an hirem Quartier beschwéieren. D’Ustrengungen déi vun der Police ënnerholl ginn, géifen net duer goen fir de Problem an de Grëff ze kréien. D’Awunner vum Quartier géifen sech vun den Dealere genervt a menacéiert fillen. De Kontrakt mat der Sécherheetsfirma géif deemno weider lafen. An d'Direktioun Oppositiounspolitiker, déi hir Demissioun gefuerdert hunn, huet d'Lydie Polfer dann nach gesot, dass si jiddwerfalls net virun den Dealer am Garer Quartier demissionéiere géif.
De Policeminister Henri Kox huet och op den Tëschefall am Garer Quartier reagéiert. Am RTL-Interview sot de Minister dass d’Police-Presenz am Quartier schonn an deene leschte Méint verstäerkt gouf. De Minister mengt awer dass d’Police dëse Probleem net eleng meeschtere kann. Donieft kéint och kee Minister oder Buergermeeschter decidéiere wou Iwwerwaachungskameraen installéiert solle ginn.