© pexels.com
An engem Betrib zu Ouljen gouf no engem Import aus der Belsch e Fall vun der Vullegripp detektéiert.
Wéi de Landwirtschaftsministère e Méindeg an engem Communiqué matdeelt, hätt d’Veterinärsverwaltung e Fall vun der Vullegripp an enger Zuucht zu Ouljen festgestallt. Dat nodeems de Betrib Gefligel aus der Belsch importéiert hat. Fir dass et net zu enger Verbreedung vum Virus hei am Land kënnt, huet d’Veterinärsverwaltung dann och eng Partie Mesuren decidéiert. Esou dierf bis op Weideres kee Gefligel méi transportéiert ginn. Et sief dann et hätt een eng speziell Erlabnis vun der Veterinärsverwaltung. Ausserdeem mussen d’Ziichter all anormalen Doudesfall vun engem vun hiren Déiere bei der Veterinärsverwaltung mellen. Schliisslech, dierfen d'Déiere bis op Weideres nëmmen nach Banne gefiddert ginn an d'Veterinärsverwaltung réit den Ziichter am Allgemengen hir Déieren dobannen ze halen.
Hei fannt dir weider Detailer:
| L’Administration des services vétérinaires appelle les détenteurs de volaille à la précaution suite à la détection d’un cas de grippe aviaire (06.09.2021) | |
| |
| L’Administration des Services Vétérinaires (ASV) informe qu’aujourd’hui, le 6 septembre 2021, un cas de grippe aviaire de type H5N8 a été confirmé dans un élevage amateur à Olingen, suite à une importation de volaille d’un marché en Belgique. Afin de limiter l’extension du virus à d’autres élevages, l’ASV émet les mesures de précaution de biosécurité suivantes à tout détenteur de volaille et d’oiseaux :
Tout au long de l’année, le Laboratoire de Médecine Vétérinaire de l’État conduit des analyses pour surveiller la situation de la grippe aviaire. Enfin, l’Administration des services vétérinaires tient à rappeler que la consommation de viande et d’œufs est sans risque pour la santé publique. |