D’G20 Gesondheetsministeren hunn decidéiert d’Impfstoffer géint de Coronavirus besser ze verdeelen.

Donieft soll sech besser géint zukünfteg Gesondheetskrise preparéiert ginn. D’Impfstoffer sollen un déi äermste Länner geliwwert ginn, esou den italienesche Gesondheetsminister Speranza nom Treffe vun de Ministeren zu Roum. Och d’Produktioun vun de Vaccinë soll ausgebaut ginn: d’Zil wier et dass weider Staaten sech ëm d’Produktioun këmmere kënnen. Et wier deemno och wichteg Informatiounen an wëssenschaftlech Donnéeën zu de Vaccinë méi transparent ze maachen.