© JACK GUEZ / AFP
Kuba ass dat éischt Land op der Welt dat mat der Impfung vun de Kanner ënner 12 Joer ufänkt.
An der Provënz Cienfuegos goufe gëschter Kanner tëscht 2 an 11 Joer géint de Coronavirus geimpft. D’Kanner kréien allerdéngs e kubaneschen Impfstoff deen net vun der Weltgesondheetsorganisatioun unerkannt gëtt. Aner Länner wéi China an déi Vereenegt Arabesch Emirater wäerten och geschwënn mat der Impfung vu klenge Kanner ufänken.