© Pixabay
Am Vietnam gouf elo e Mann zu 5 Joer Prisong verurteelt well hien de Coronavirus verbreet soll hunn.
Hien hätt d’Reegele vun der Quarantän am Juli net respektéiert an op d’mannst 8 Leit ugestach. Dëst soll dozou gefouert hunn dass eng Persoun un de Suitte vum Virus gestuerwen ass. Am Vietnam goufe schonn eng Partie Persoune verurteelt well se aner Leit mam Covid-19 infizéiert haten.