Den 02. September war et am Rond-Point Katrewang zu engem déidleche Verkéiersaccident komm.

No engem Verkéiersaccident mat Doudesfolleg sicht d'Police den Ament no Zeien. Den 02. September war et am Rond-Point Katrewang zwee Autoe frontal matenee kollidéiert. Eng 28 Joer al Fra war hei em d'Liewe komm.

Am Zesummenhang mat dësem Accident sicht d'Police den Ament no Zeien. Dat fir ze klären wéi et genee zu dësem Accident komme konnt.

Persounen, déi den Accident beobacht hunn, si gebieden sech beim Policekommissariat Kapellen ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via d'Mailadress "police.capellensteinfort@police.etat.lu".