Polizisten hunn de Mann missen immobiliséieren. Dobäi gouf e Messer bei him fonnt.

Kuerz no 21h00 e Méindeg den Owend gouf der Police e Mann gemellt, deen an engem Spidol um Kierchbierg randaléiere géif. Wéi d'Beamte vun der Police op d'Plaz koumen, hunn si e sichtlech alkoholiséierte Mann ugetraff. Dëse gouf vun de Polizisten immobiliséiert. Dobäi gouf e Messer beim Mann séchergestallt. Well de Mann sech ausserdeem aggressiv verhalen huet a wéinst sengem Zoustand eng Gefor fir sech selwer an déi aner duergestallt huet, gouf hien am Arrest ënnerbruecht.