Well vill Entwécklungslänner keen Zougang zu Corona-Vaccinen hunn, wier et den Ament net méiglech eng gerecht Klimakonferenz ze organiséieren.

En Netzwierk vu ronn 1500 ONGen fuerdert, dass d'UN-Klimakonferenz, déi fir den November dëst Joer zu Glasgow geplangt ass, no hanne verréckelt gëtt. Als Begrënnung fir dës Fuerderung nennt d'Netzwierk "Climate Action Network" zu deem ënner anerem Greenpeace, de WWF an Oxfam gehéieren, de Fait, dass vill Drëttweltlänner nach keen adequaten Zougang zu Impfstoffer géint de Coronavirus hätten.

Well vill Vertrieder vun dëse Länner dowéinst net fir d'Konferenz ureese kéinten, wier et deementspriechend net méiglech eng sécher, inklusiv a gerecht Klimakonferenz ze organiséieren.

D'UN-Klimakonferenz hätt ursprénglech sollen am November zejoert stattfannen. Wéinst der Pandemie vum Coronavirus gouf d'Konferenz awer verluecht a soll elo vum 31. Oktober bis den 12. November dëst Joer sinn.