© Ozan KOSE / AFP
En Dënschdeg ass zu El Salvador e Gesetz a Kraaft getrueden, mat deem de Bitcoin nieft dem US-Dollar déi offiziell Wärung vum Land gouf.
Als éischt Land op der Welt akzeptéiert El Salvador zënter en Dënschdeg d'Krypto-Wärung Bitcoin als offiziell Wärung. Dat trotz enger grousser Skepsis aus der eegener Bevëlkerung an entgéint de Warnunge vu villen Experten.
De President vun deem südamerikanesche Land, Nayib Bukele, hat kuerz viru Mëtternuecht e Méindeg den Owend vun engem historesche Moment geschwat.
En Dënschdeg ass dunn zu El Salvador e Gesetz a Kraaft getrueden, mat deem de Bitcoin nieft dem US-Dollar déi offiziell Wärung vum Land gouf. An enger éischter Phas huet El Salvador am Ganze 400 Bitcoine kaf. Dës hunn aktuell e Wäert vu ronn 17,7 Milliounen €.