© Statec
Am Allgemengen hunn d'Lëtzebuerger Stéit zejoert méi Suen ausgi fir doheem z'iessen an ze drénke wéi dat nach 2019 de Fall war.
Wéi aus enger Etüd vum Statec ervir geet, hat d'Pandemie vum Coronavirus däitlech Auswierkungen op d'Konsumverhale vun de Lëtzebuerger Stéit.
D'Ännerunge vum Konsumverhalen hunn sech dobäi besonnesch däitlech beim Iessen an Drénke gewisen. Esou hunn d’Stéit hei am Land zejoert däitlech manner Suen a Restauranten ausginn ewéi nach am Joer 2019. Deementspriechend haten d’Leit dann och méi Suen ausgi fir doheem z’iessen. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne ronn 5.830 € fir Nahrungsmëttel ausginn huet, waren et der zejoert knapps 7.180. Weiderhin hunn d’Leit zejoert dann och däitlech manner Suen a Caféen ausginn ewéi dat 2019 de Fall war. Allerdéngs hunn d’Leit bei hiren Akeef méi Sue fir Alkohol ausginn. Wärend ee Stot 2019 an der Moyenne 414 € fir Alkohol ausginn hat, waren et der zejoert 727.