D’Police huet en Dënschdeg den Owend eng gewalttäteg Ausernanersetzung am Garer Quartier an der Stad gemellt.

En Dënschdeg géint 18h00 koum et zu enger Ausernanersetzung virun engem Lokal an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Polizisten mat enger Hondsstaffel hunn e Mann mat enger Stéchwonn fonnt an hunn éischt Hëllef geleescht. E Verdächtegen, deen eng Matraque bei sech hat an de presuméierten Täter souwéi d’Waff konnte fonnt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf den Ugräifer festgeholl. Dëse kënnt e Mëttwoch de Moie virun den Untersuchungsriichter.