De CGDIS mellt e Schwéierblesséierten um Dënschdeg den Owend bei enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus um CR373.

En Dënschdeg den Owend géint 18h40 ass et tëscht Stackem a Wëntger zu engem méi schroen Accident komm. Um CR373 gouf et nämlech eng Kollisioun tëscht engem Auto an engem Bus. Wéi de CGDIS mellt gouf eng Persoun schro an eng aner Persoun méi liicht blesséiert.

Zwou Stonne virdru gouf dem 112 en accidentéierten Auto um CR176 tëscht dem Vesquenhaff a Rodange gemellt. Eng Persoun gouf an deem Kader liicht verwonnt.