© CHRISTOPHE ARCHAMBAULT / AFP
Zu Paräis ass e Mëttwoch den Optakt vum Prozess géint d'Terroristen déi d'Attacken am November 2015 duerchgefouert hunn.
Den 13. November 2015 goufen op verschidde Plazen zu Paräis, ënner anerem am Concertssall "Bataclan", 130 Persounen ëmbruecht. Beim historesche Prozess sinn 20 Persounen ugeklot. Dorënner ass deen eenzege liewegen Terrorist, de Salah Abdeslam, ugeklot.
Et goufen am Ganzen iwwer 350 Mënsche blesséiert. 1.800 zivil Parteie wäerten deemno um Prozess deelhuelen. En Urteel gëtt et fréistens am Mee 2022, de Prozess dauert also op d’mannst 9 Méint.