© ASUYOSHI CHIBA / AFP
D’Corona-Pandemie huet schro Auswierkungen op de Kampf géint aner déidlech Krankheeten.
Dat huet de Globale Fong zur Bekämpfung vun AIDS, Tuberkulos a Malaria matgedeelt. Besonnesch aarm Länner si vun dëser Entwécklung betraff. Am Verglach zu 2019 sinn eng Millioun manner Leit géint Tuberkulos behandelt ginn. Dat bedeit also dass vill Leit dorunner stierwe wäerten. D’Zuel vun de Mënschen déi mat AIDS-Preventiounsprogrammer erreecht ginn ass och däitlech zeréckgaangen.