Virun engem Café an der Rue du Fort Neipperg haten e puer Persoune mat Fläschen openee geheit.

En Dënschdeg den Owend war et op en Neits zu Streidereien am Garer Quartier an der Stad komm. Virun engem Café an der Rue du Fort Neipperg hate sech e puer Persounen an d'Hoer kritt. Verschiddener vun hinnen hate wärend der Kläpperei mat Fläschen openeen geheit. Am Kader vun enger Enquête konnten d’Beamte vun der Police 3 Verdächteger ermëttelen. 2 dovunner hu sech illegal hei am Land opgehalen. D’Police huet e Rapport iwwert den Tëschefall geschriwwen an déi zoustänneg Autoritéiten iwwer déi zwou Persounen, déi sech illegal hei am Land opgehalen hunn, informéiert.