De Jugendleche gouf bei engem Abroch an en Appartement festgeholl an zeréck an de sozioedukativen Zenter bruecht.

En Dënschdeg am Nomëtte gouf der Police en Abroch an engem Appartement zu Wuermer gemellt. Op der Plaz hunn d’Poliziste festgestallt, dass et sech beim Abriecher ëm e Jugendlechen, deen aus dem sozioedukativen Zenter zu Dräibuer ausgebrach war, gehandelt huet. Wéi d’Beamten hien duerchsicht hunn, konnten si eng Partie geklaute Géigestänn bei him sécherstellen. De Parquet gouf iwwert den Tëschefall informéiert an dee Jugendleche gouf zeréck an de sozio-edukativen Zenter bruecht.