© LUDOVIC MARIN / AFP
73,3 Prozent vun de Leit, déi positiv op de Coronavirus getest goufen, waren net geimpft.
D'Zuel vun de Persounen, déi lescht Woch zu Lëtzebuerg positiv op de Coronavirus getest goufen, ass géigeniwwer der Woch virdrun ëm 6 Prozent geklommen. D'lescht Woch goufe 573 Neiinfektioune mam Coronavirus gezielt. Déi Woch virdru waren et der nach 542. Allerdéngs goufen d'lescht Woch och méi PCR-Tester gemaach ewéi di Woch virdrun. D'lescht Woch goufen 29.057 dëser Tester gemaach. Déi Woch virdru waren et der nach 27.349.
Iwwerdeems goufen am Laf vun der leschter Woch 3 Persounen, bei deenen e Schnelltest gemaach gouf, positiv op de Covid-19 getest. D'Altersmoyenne vun de Persounen, déi d'lescht Woch positiv op de Covid-19 getest goufen, louch bei 31,7 Joer.
Vun de 573 Persounen, déi d'lescht Woch positiv op de Covid-19 getest goufe waren der 420 net geimpft. Dat entsprécht engem Undeel vun 73,3 Prozent.
De 5. September goufen 1.052 aktiv Infektioune mam Coronavirus hei am Land registréiert. Dëst géigeniwwer 913 den 29. August. D'Zuel vun den aktiven Infektiounen ass also weider geklommen. D'Zuel vun de geheelte Persounen ass iwwerdeems vun 73.929 op 74.361 geklommen.
D'lescht Woch waren 2 Persounen hei am Land am Zesummenhang mam Coronavirus gestuerwen.
D'lescht Woch goufen 22 nei Corona-Patienten op de normale Servicer vun de Spideeler gezielt. D'Zuel vun de Patienten op den Intensivstatiounen ass iwwerdeems vu 6 op 9 geklommen.
Tëscht dem 30. August an dem 05. September waren 1.240 Persounen an Isolatioun an 820 a Quarantän. Géigeniwwer der Woch virdru stellt dëst eng Hausse vun 21 respektiv eng Baisse vu 16 Prozent duer.
De Reproduktiounstaux vum Virus louch op déi ganze lescht Woch gekuckt bei 1,04 an ass domadder géigeniwwer der Woch virdru liicht zeréckgaangen. Do louch Dëse bei 1,10. Den Taux vun de positiven Tester ass iwwerdeems stabil bliwwen. Op déi ganz lescht Woch gekuckt, waren 1,97 Prozent vun de Corona-Tester positiv. Déi Woch virdru louch den Taux vun de positiven Tester bei 1,57 Prozent. Dat nämmlecht gëllt fir den Taux vun de positiven Tester, déi op Ordonnance gemaach goufen. D'lescht Woch ware 6,19 Prozent vun dësen Tester positiv. Déi Woch virdru waren et der 6,18.
Mat 31,8 Prozent hat de Gros vun de Persounen, déi d'lescht Woch positiv op de Covid-19 getest goufen, sech am Kader vun enger Rees an d'Ausland mam Virus infizéiert.
Am Laf vun der leschter Woch kruten 3.584 Persounen eng éischt an 3.757 Persounen eng zweet Dosis vun engem vun de Vaccine géint de Covid-19.