Am Juli louch d'Präisdeierecht nach bei 2,3 Prozent.

D’Inflatioun hei am Land louch am August bei 2,5 Prozent. Wéi de Statec an engem Communiqué matdeelt, war d’Inflatioun am August domadder ëm 0,2 Prozent méi héich ewéi nach am Juli. Dës Hausse vun de Präisser géif sech virun allem duerch d’Enn vun de Solden an déi méi deier Benzinspräisser erklären. Wann een dës béid Facteuren aus der Rechnung eraushëlt, louch d'Inflatioun am August nach bei 0,3 Prozent.

Allerdéngs war och d’Reesen am August méi Deier ewéi am Juli an och d’Präisser vun de Nahrungsmëttel sinn an d’Luucht gaangen.