© Eldoradio
De CGDIS mellt en Accident mat engem Schwéierblesséierten zu Rolleng.
E Mëttwoch den Owend géint 19h30 koum et an der Avenue de la Gare zu enger Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Donieft huet de CGDIS nach 3 Blesséierter bei 3 aneren Accidenter gemellt. Eng Kéier ass e Mëttwoch kuerz viru 17h00 zu Bieles an der Escherstrooss e Motocyclist gefall. Da sinn en Auto an e Moto am Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad anenee gerannt. An en Donneschdeg de Moie géint 3h30 ass tëscht Sëll a Béigen en Automobilist an e Bam geknuppt.