Direkt e puer Mol goufen alkoholiséiert Chaufferen an der Nuecht vun ee Samschden op de Sonnde kontrolléiert an de Permis gouf jeeweils agezunn.

Géint 1:00 Auer ass enger Policepatrull een Auto opgefall, deen am Zick-Zack iwwert de Boulevard F.D. Roosevelt gefuer ass. Nodeems den Auto gestoppt an de Chauffer kontrolléiert gouf, gouf de Permis agezunn. Dat well de Chauffer ze vill gedronk hat, ze séier ënnerwee war an d'Pabeiere vum Auto net der Richtegkeet entsprach hunn.

Um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch gouf um 3:00 Auer eng Vitesskontroll gemaach. Hei huet ee Chauffer de Permis verluer, well dëse vill ze séier an alkoholiséiert ënnerwee war.

Zum selwechten Zäitpunkt gouf zu Sandweiler een Accident gemellt, woubäi de Chauffer mat sengem Gefier an eng Trap vun engem Gebai gerannt ass an dono fort gefuer ass. Op der Plaz konnte beschiedegt Autosdeeler fonnt ginn a well een Zeien dat Ganzt gesinn huet, konnt d'Police d'Nummereschëld ermëttelen. D'Police konnt de Schëllegen op senger Adress untreffen. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, wouropshin de Permis agezu gouf.

Kuerz viru 4:00 Auer ass enger Patrull een Auto op der A13 opgefall, deen am Zick-Zack op d'Autobunn erop gefuer ass. D'Beamten hunn de Chauffer nees direkt vun der Autobunn erof gelotst an eng Kontroll duerch gefouert. Dobäi gouf schonn een Alkoholgeroch festgestallt, dëst huet den Test och bestätegt. Wéinst dem ze héije positive Resultat gouf de Permis agezunn.

Kuerz no 4:00 Auer gouf een Accident zu Bieréng gemellt. Hei ass ee Chauffer an ee geparkten Auto gerannt. Béid Parteie konnte keng Eenegung fannen, dowéinst gouf d'Police geruff. Enner anerem och well d'Fuerbunn blockéiert war. Wou déi op der Plaz war, gouf ee staarken Alkoholgeroch, dee vum Schëllegen ausgaangen ass, festgestallt. Een Alkoholtest hat erginn, dass den zougeloossenen Héchstwäert iwwert dat Duebelt iwwerschat war. Dowéinst gouf de Permis agezunn.

An zu Ëlwen gouf géint 4:30 eng Verkéierskontroll gemaach. Der Police ass dobäi ëmmer nees een Auto opgefall deen an noer Ëmgéigend staarke Kaméidi gemaach huet. De Chauffer dee mat vill ze héijer Vitess duerch Duerf gefuer ass, konnt zwou Stroosse weider vun der Police gestoppt ginn a gouf kontrolléiert. Dobäi gouf festgestallt, dass de Mann däitlech alkoholiséiert war an de provisoresche Permis gouf agezunn.