D'Bundeskanzlerin Angela Merkel huet iwwert hire Podcast een Opruff gemaach, fir sech géint de Corona-Virus impfen ze loossen.

Der Bundeskanzlerin Merkel hire Wierder no, ass et néideg nach weider Mënsche vun der Corona-Impfung ze iwwerzeegen, fir gutt duerch den Hierscht an de Wanter ze kommen a fir de Virus dauerhaft ënner Kontroll ze kréien. D'Merkel huet och drop higewisen, dass de Gros vun de Covid-Patienten déi an de Klinicken oder op den Intensivstatioune léien, haaptsächlech Persoune sinn, déi net geimpft sinn. Gläichzäiteg war et ni sou einfach eng Impfung ze kréien, sou d'Merkel. Vun de Méinden un start an Däitschland eng Aktiounswoch, an der een sech op liicht zougängleche Plaze kann impfe loossen, wéi zum Beispill bei Fussballterrainen oder bei de Fräiwëllege Pompjeeën.

De Moment sinn an Däitschland ronn 62 Prozent vu der Bevëlkerung vollstänneg geimpft.