Nei Héichrisikogebitter sinn d'Provënzen Oslo a Viken a Norwegen, sou wéi d'Länner Bosnien-Herzegowina, Nicaragua a Grenada.

Déi griichesch Insel Kreta an déi franséisch Insel Korsika si säit de Sonnden net méi op der däitscher Lëscht vun der Corona-Héichrisikogebitter. Dat selwecht gëllt fir déi franséisch Regioun Okzitanien. Sou zielt a Frankräich just nach d'Regioun Provence-Alpes-Côte d'Azur zu de Gebitter mat besonnesch héijer Ustiechungsgefor mam Coronavirus. Och wien aus Argentinien, Bolivien, Paraguay, Ecuador a Peru an Däitschland wëll areesen an net geimpft oder geheelt ass, muss net méi a Quarantän. Dëst gëllt och fir dat arabescht Land Oman a Namibia.

Déi eenzeg nei Regiounen op der Lescht sinn d'Provënzen Oslo a Viken a Norwegen, sou wéi Bosnien-Herzegowina, Nicaragua a Grenada. Hei muss ee bei der Arees an Däitschland a Quarantän, wann een net geimpft oder geheelt ass.