Um Sonndeg koum et zu Accident tëschent zwee Autoen, hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn.

Bei engem Accident um CR364 tëschent Beefort an dem Grondhaff sinn zwou Persoune blesséiert ginn, sou de CGDIS. Hei kruten sech zwee Autoe kuerz no 4 Auer um Sonndegnomëtten ze paken. Op der Plaz waren de Samu, d'Ambulanz vun Iechternach, d'Ambulanz aus der Fiels an d'Pompjeeë vu Beefort.