Zu Kopenhagen hu ronn 50.000 Mënschen ee Rock-Concert besicht. Ouni Ofstand an ouni Maske konnte Fans um Concert vun der Band The Minds of 99 deel huelen.

An Dänemark gëlle wéinst der héijer Impfquot keng Corona-Aschränkunge méi. Hei si mëttlerweil 83 Prozent vun der Bevëlkerung geimpft.

Dowéinst konnt d'Band The Minds of 99 ee Concert mat ronn 50.000 Fans ofhalen. Beim Concert hunn d'Fans keng Maske missen unhalen an hunn sech net missen un ee Mindestofstand missen halen.