A ganz Däitschland fänkt e Méindeg d’Impf-Aktioun-Woch un.

Däitsch Bierger kënnen sech op ville Plazen ouni Rendezvous a gratis géint de Coronavirus impfe loossen. Doduerch soll d’Impfquot gesteigert ginn. Am Moment si ronn 62 Prozent vun de Mënschen an Däitschland vollstänneg immuniséiert. D’Bundeskanzlerin Angela Merkel huet d’Leit dozou opgeruff vun dëser Offer ze profitéieren.