An England goufe Pläng fir eng Aféierung vum Impfpass opginn.

D’Iddi war, wéi a ville Länner, en Impf-Zertifikat an Diskoen a bei groussen Evenementer ze froen. Mee elo gouf decidéiert dass dat net néideg wier. Dëst nodeems d’Aféierung vun engem Impfpass vill an England kritiséiert gouf. De brittesche Gesondheetsminister Sajid Javid huet an engem Interview gesot dass een net esou Decisioune soll huele just well aner Länner déi och huelen.