Den Educatiounsminister Claude Meisch huet an engem Interview mam Tageblatt iwwer d’Schoulrentrée geschwat.

Ënner anerem huet hie gesot dass d’sanitär Moossnamen net primär d’Kanner an déi Jonk schütze mee éischter Erwuessener, déi nach net geimpft sinn. De Claude Meisch hätt kee Verständnis dofir dass ee vun de Kanner verlaangt dass si eng Mask undoe wann nach Erwuessener hospitaliséiert gi well si sech net impfe wëlle loossen. Et gouf jo annoncéiert dass d’Schüler an hirer Schoulbänk keng Mask méi mussen unhunn. Um 15. September sinn an de Lycéeë scho 55 % vun de Schüler voll geimpft an 90 % vum Léierpersonal, esou de Minister.