Zënter e Sonndeg gëllen nei Corona-Oplockerungen a Rheinland-Pfalz.

Et gi mëttlerweil kaum Restriktioune fir geimpften a geheelte Leit a Rheinland-Pfalz. Eng grouss Majoritéit vum Bundesland ass concernéiert. Dobausse gëllt keng Maskeflicht méi. Immuniséiert Persoune kënne sech privat mat esou vill Persounen treffe wéi se wëllen. Et ginn elo dräi Indicateuren: d’Inzidenz vun den Infektiounen, vun den Hospitalisatiounen a wéi vill Leit op der Intensivstatioun leien.