D'Informatik soll weider developpéiert ginn, an eng ganz nei Sektioun "P" soll agefouert ginn.

Et huet ee sech nees een ambitionnéierte Programm gesat fir d'Schoulrentrée 2021-2022. Dëse gouf op der Pressekonferenz um Méinde Muere presentéiert.

"Pensée digitale" am Zentrum

Eemol steet d'Informatik an d'Digitaliséierung ganz kloer am Zentrum vun den Neierungen an neien Offeren. Fir de Minister Claude Meisch ass et néideg, dass all Kand, dat zu Lëtzebuerg am Schoulsystem ass, och déi néideg Basis vum Codéieren, der Robotik a weideren digitalen Aspekter huet. Ma deen anere wichtege Volet soll déi sozial Ausbildung vun de Kanner sinn. Well nëmme sozial staark Kanner och effektiv herno "Meeschter iwwert déi digital Medien an Outile kënne sinn".

Nodeems een d'Sektioun "I", bei der de Schwéierpunkt an der Informatik läit, 2017 lancéiert huet soll dës och nach weider ausgebaut ginn. Aktuell gëtt et dës Sektioun a 4 Lycéeë vum Land ënnerriicht. Ronn 45 Schüler hunn zanter dem Start vun dëser Sektioun hir Première ofgeschloss. Weider wäert um Belval den "Digital Learning Hub" lancéiert ginn. Dës Offer riicht sech u Persounen iwwert 18 Joer. Hei soll een, ganz egal ob no der Schoul, der Uni oder am Laf vu senger Karriär hikomme kënnen a sech an informatesche Beräicher weiderbilde kënnen. Domat wéilt een op d'Besoine vum Aarbechtsmarché reagéieren.

Weider hunn 18 d'Lycéeë fir d'Rentrée dëst Joer deen neie Cours "Digital Sciences" an hirem Stonneplang dobäi. Dëse Pilotprojet soll dann nächst Joer an all de Lycéeën a Klassen ënnerriicht ginn. Ausserdeem wéilt een "coding" Kompetenzen och an de Primärschoule weider ausbauen. Bis elo war dëse Cours nëmmen an de Klasse vum Cycle 4. Vun dëser Rentrée un wäerten awer och Kanner aus de Cyclen 1, 2 an 3 Coursen am Coding hunn.

Nei Sektiounen an Upassungen

Fir d'Rentrée vun 2022-2023 huet een am Ministère dann och eng ganz Rei nei Sektiounen oder Adaptatioune vun de Sektioune virgesinn. Eemol soll dann am ECG eng nei Sektioun mat Fächer an de Beräicher "entrepreneuriat, finance et marketing" geschaf ginn. Dës Sektioun "N" wäert déi éischt Sektioun aus dem "Régime classique" sinn déi am ECG ugebuede gëtt.

Lauschtert hei eran!

Eng weider nei Sektioun "P" wäert dann och am kommende Joer dobäi kommen. Hei leien d'Schwéierpunkten op de "sciences humaines", wéi och der Pedagogie, Psychologie, Soziologie a Philosophie. Mat dëser neier Sektioun am Classique wëll een op d'Interessi vun de Schüler an  op d'Realitéit vum Aarbechtsmarché agoen. Déi nämmlecht Iddi weist sech och an deem neien DAP "Educatioun" deen ab der Rentrée 2022 agebaut gi soll. Mat dësem wëll ee Leit aus dem Beräich vun der "Formation professionelle" d'Méiglechkeet ginn eng Ausbildung ze maachen, mat der ee konsequent qualifizéiert Persounen an de Maison Relaisen oder Crèchë schaffe loosse kéint.

Dëst Joer ass dann och dat éischt Joer, dass déi alternativ Sektioun A elo och wäert an den Exame goen. Bei der neier Sektioun A, ginn nieft de Sproochen och de Volet Medie couvréiert.
Et wéilt ee mat dësen Adaptatiounen dann och weider déi Jonk an de Schoulen op d'Realtitéit "Vu muer preparéieren, an net déi vu gëschter" esou de Minister Claude Meisch.

Schoulflicht deemnächst bei 18

Eng weider grouss Ännerung soll dann nach beim obligatoresche Schoulalter kommen. Bis ewell musse Schüler an der Schoul bleiwe bis se 16 Joer al sinn. Ma an Zukunft soll d'Schoulpflicht awer bis 18 Joer gëllen. Doduerch wëll ee verhënneren, dass Schüler aus dem Lycée kommen a keen Ofschloss hunn. Ma et wier ee sech awer bewosst, dass een d'Schüler och net einfach mat enger verlängerter Schoulpflicht dozou zwénge kéint d'Schoulbänk weider ze drécken. Et misst een dofir eng ganz Rei un Tools a Programmer opsetzen ier een d'Altersgrenz einfach an d'Luucht setzt.

An deenen nächst Méint wëll een dann och nach eng ganz Rei weider Offeren opsetzen. Eemol ass dat eng national Hausaufgabenhëllef, déi souwuel d'Schüler wéi d'Elteren entlaaschte soll. Een anere Projet sinn d'Klasse fir Primo-Arrivant. Et wéilt een och deene Schüler esou optimal wéi méiglech hëllefen hire schoulesche Wee hei zu Lëtzebuerg ze maachen. An doduerch mat deene beschte Chancen hei schaffen oder studéiere ze goen. An dem Kader gëtt elo een neie Service geschaf mat enger eegener legaler Basis. Beim "service de l'intégration et de l'accueil scolaires" sollen net nëmmen d'Sprooche gekuckt ginn, mee och wat d'Virstellunge vum Schüler wéi och der Famill sinn, wann se hei ukommen.

De Modell vum Quereinsteiger soll dann awer och iwwerschafft ginn. Wéi dëse Modell herno da kéint ausgesinn, huet de Minister Claude Meisch awer net weider präziséiert.