D'Käschte vun der Energieproduktioun waren zejoert 15 Prozent méi héich ewéi nach am Joer virdrun.

De Stroumpräis, deen d'Privatleit zejoert bezuelt hunn, war géigeniwwer dem Joer virdrun an der Moyenne ëm 10 Prozent geklommen. Haaptgrond fir dës Hausse soll d'Hausse vum Präis vun der Energieproduktioun sinn. Dat äntwert den Energieminister Claude Turmes op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fred Keup.

Wéi et an der Äntwert vum Minister heescht, géif de Präis vun der Energieproduktioun 34 Prozent vum Präis, deen den Endverbraucher fir de Stroum bezilt, ausmaachen. Ma d'Präisser fir dës Produktioun louchen zejoert ëm ronn 15 Prozent méi héich ewéi dat Joer virdrun. Dat soll virun allem un der Hausse vun de Produktiounskäschte vum Stroum aus fossille Quelle leien. Dat well de Präis vu Gas a Kuel awer och de Präis, deen een op CO2-Emissioune bezilt bannent de leschten 12 Méint staark geklommen ass.

Weiderhin, sinn dann och d'Käschte vum Stroumnetz zejoert géigeniwwer 2019 ëm 7 Prozent geklommen. Dat well d'lescht Joer wichteg Investissementer an d'Stroumnetz gemaach goufen.

Schliisslech sinn dann och d'Kontributioune fir de Kompensatiouns-Mechanismus déi op de consomméierte Stroum bezuelt ginn, geklommen. Dat ëm 10 Prozent. Haaptgrond soll hei d'Ënnerstëtzung vun den erneierbaren Energië sinn. Zejoert goufen zu Lëtzebuerg méi vun dësen Energië consomméiert ewéi an de Jore virdrun.