En Aarbechter gouf schwéier blesséiert ewéi hien op engem Chantier an e Schacht gefall war.

Kuerz viru 14h00 e Méindeg de Mëtteg gouf der Police en Accident op engem Chantier an der Kanecher Strooss zu Éiter gemellt. En Aarbechter war hei aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach an e Schacht gefall an e puer Meter an d’déift gestierzt. De Mann gouf uerg blesséiert an huet missen an d’Spidol transportéiert ginn. De Parquet an d’ITM goufen iwwer den Tëschefall informéiert an et gouf en Enquête an d’Weeër geleet.