E Motocyclist war bei engem Iwwerhuelmanöver frontal mat engem Auto kollidéiert.

Géint 13h55 e Méindeg de Mëtten hat e Motocyclist um CR111 tëscht Uewerkäerjeng an Héiweng en Auto iwwerholl. Dobäi war hie frontal mat engem Auto, deen op der Géigespuer ënnerwee war, kollidéiert. De Motocyclist gouf bei dësem Accident schwéier blesséiert. Hie gouf op der Plaz vum Noutdokter versuergt an duerno an d’Spidol ageliwwert. D’Fuererin vum Auto hat beim Accident e Schock erlidden an huet dowéinst och am Spidol misse behandelt ginn.