Weiderhi gouf e Motocyclist blesséiert ewéi hien am Rond-Point gefall war.

Géint 15h00 e Méindeg de Mëtte gouf der Police en Accident mat enger schwéier blesséierter Persoun am Rond-Point Katrewang gemellt. Op der Plaz hunn d’Beamten dunn festgestallt, dass et hei zu 2 Accidenter komm war. Fir d’éischt war e Motocyclist mat sengem Motto gefall. Dëse gouf vun e puer Persoune vun der Fuerbunn bruecht. Kuerz no dësem Accident hat en Automobilist am Rond-Point d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat Dësem op d’Terrass vun engem Café gefuer. Dobäi krut hien eng Fra ze paken. Des gouf ënnert dem Auto ageklemmt a koum schwéier blesséiert an d’Spidol.